Historesch

De BMW Auto Club Lëtzebuerg ass den 10. Juni 1985 gegrënnt ginn an zielt

am Moment za. 80 Memberen. Mir sin eng Vereenegung ouni Gewënnzweck.

Eise Sëtz ass am Parc-Hotel zu  Dummeldeng. Eise Club ass un de BMW Club Europa e.V. zu München affiliéiert.  

Dem Club säin Haaptziel léit do dran all BMW-Chauffeuren am Kader vu frëndschaftlechen Aktivitéiten zesummen ze féieren.

Jiddereen deen e BMW fiert, ass an eisem Club häerzlech wëllkomm.Mir hun iwwer d’Joer eng ganz Rei vun interessanten Aktivitéiten, fir

déi eis Memberen jeweils vum Komitee ugeschriwwe resp. invitéiert ginn.

Weider Renseignementer kritt Dir och gär ënner der Telefonsnummer  691 162 742

Email: info@bmwautoclub.lu

Scroll to Top