Historesch

De BMW Autoclub Lëtzebuerg ass den 10. Juni 1985 gegrënnt ginn an zielt

am Moment zirka. 80 Memberen. Mir sinn eng Vereenegung ouni Gewënnzweck.

Eise Sëtz ass am Parc Hotel zu Dummeldeng. Eise Club ass un de BMW Club Europa e.V. zu München affiliéiert.  

Dem Club säin Haaptzil läit dodran all BMW oder Mini Besetzer am Kader vu frëndschaftlechen Aktivitéiten zesummen ze féieren.

Jiddereen deen e BMW oder Mini fiert, ass an eisem Club häerzlech wëllkomm. Mir hunn iwwer d’Joer eng ganz Rei vun interessanten

Aktivitéiten, fir déi eis Memberen jeeweils vum Kommitee ugeschriwwe respektiv invitéiert ginn.

Weider Renseignementer kritt Dir och gär ënner der Telefonsnummer  691 162 742.

E-Mail-Adress : info@bmwautoclub.lu

Scroll to Top